Logo RBS
Tel. 36 04 78 - 1
20, rue de Contern | L-5955 Itzig

FORMATIOUN als „Referent/in fir Danz am Sëtzen“

ZIELGRUPP:

AbsolventInnen vum Fortbildungzyklus "Danz am Sëtzen" mod. I an mod. II & Zertifizierungskurs mod. III

TERMINER:

D’Ausbildung als Referent/in fir Danz am Sitzen leeft of an 3 Deeler:

Deel 1

  • 05. Oktober 2021 (1/2 Dag) Virbespriechung
  • 06./ 08./ 12.Oktober 2021 Modul 1 (ganzen Dag)
  • 13. Oktober 2021 (1/2 Dag) Nobespriechung

 Deel 2

  • 25. Abrëll 2022 (1/2 Dag) Virbespriechung
  • 26./ 27./ 28. Abrëll 2022 Modul 2 (ganzen Dag)
  • 29. Abrëll 2022 (1/2 Dag) Nobespriechung

Deel 3 

  • 24. Abrëll 2023 (1/2 Dag) Virbespriechung
  • 25./ 26./ 27. Abrëll 2023 Modul 3 (ganzen Dag)
  • 28. Abrëll 2023 (1/2 Dag) Test

Danzen am Sëtzen am Alter gëtt et elo zu Lëtzebuerg zanter méi ewéi 30 Joer. Danzen ass net nëmmen mat Freed verbonnen, mä et aktivéiert och Kierper a Geescht esou, dass een souguer am Alter ganz geschmeideg bleift.

Zanter 2012 ginn et ze Lëtzebuerg Coursen fir Danz am Sëtzen. Referentinnen sinn d’Claudine Menghi an d’Edmée Hoffmann. Si hu wëlles, iergendwann a Pensioun ze goen a fir dass dëst weiderbestoen bleift, wëlle si nei Referent/innen ausbilden.

Wat ass e “Referent / eng Referentin” ?

Als Referent oder Referentin kanns du Danzleeder/innen ausbilden. Mat denger Begeeschterung wou’s du déi lescht Joren als Danzleederin eeler Leit begleet hues, si fit gehalen hues am Kapp an am Kierper, ass et dir méiglech elo als Referent/in weider Danzleeder auszebilden.

Wéi eng Kompetenzen brauch een fir Referent/in ze ginn?

  • et muss een am Besëtz vun engem lëtzebuergeschen Zertifikat fir Danzleeder sinn a Praxis vun engem Joer virweisen.
  • et muss een verantwortungsbewosst sinn
  • et muss een Kommunikatiounsstärkt hunn
  • et muss een teamfäeg sinn.
  • et muss een anlysefäeg sinn
  • et muss een iwwerzeegungsfäeg sinn
  • et muss een Organisatiounstalent hunn
  • et musse en kreativ sinn.
  • et muss ee gutt erkläre kennen
  • et muss een mat Läif a Séil Danzleeder sinn

  

Wéi kann ee Referent/in ginn?

  • Vir d’éischt kritt een eng Aféierung an déi verschidde Moduler.
  • Virun all Modul muss een eng Vir- an eng No- Ausbildung kréien vu jeeweils engem hallwen Dag.
  • Wärend all Modul muss een aktiv matschaffen an déi eng oder déi aner Tâche iwwerhuelen.
  • Nom Modul 3 gëtt dann e Test gemaach an schonn ass een Referentin

REFERENTINNEN:

Claudine Menghi und Edmée Hoffmann (Seniorentanzleiterinnen, ausgebildet vum deutschen Bundesverband Seniorentanz e.V.)

SPROOCH:

Lëtzebuergesch / Daïtsch

 

ORT:

RBS – Center fir Altersfroen asbl

20, rue de Contern L- 5955 ITZIG

Tel. 36 04 78-34    Fax: 36 02 64

REF.:

FCPIC1321

Preis:  1300 €

Anmeldung

Sie haben noch keine Anmeldung vorgenommen

 zurück zur Übersicht