Logo RBS
Tel. 36 04 78 - 1
20, rue de Contern | L-5955 Itzig

Liewensmëttelhygiène an d'Method HACCP

Kënnen d’Bewunner vun Altersheemer oder d’Clienten vun Dagesfoyeren hiert Iesse genéissen ouni Angscht fir hir Gesondheet brauchen ze hunn? Jo, well d’Kichepersonal ass duerch ënnerschiddlech gesetzlech Ufuerderungen dozou verflicht sécherzestellen, dass all méiglech Gefore fir de Verbraucher duerch Präventivmoossname beherrscht ginn. D’Zil ass et also net nëmme fir e Plat hierzestellen dee gutt schmaacht, mee och een dee fir déi sensibel Altersgrupp, déi eeler Leit, keng gesondheetlech Gefore mat sech bréngt.

Inhalt:

  •  Déi gesetzlech Ufuerderungen
  •  D’Prinzipie vum HACCP
  •  D’Basis vun der Mikrobiologie
  •  D’Killketten
  •  D‘Schädlingsbekämpfung
  •  D’Personalhygiène
  •  Déi Gutt-Hygiène-Praxis an der Kichen

Zil :

An dësem Cours kritt Dir d’Basiswësse vun der Liewensmëttelhygiène an déi gesetzlech Ufuerderunge vermëttelt, dëst mat Hëllef vu ville Beispiller aus der Praxis.

Zilgrupp:

Kichepersonal vun Institutioune fir eeler Leit

Referentin:

Josiane Dahm, Dipl. Oecotroph. - Luxcontrol S.A.

Sprooch:

lëtzebuergesch

Adress:

RBS Center fir Altersfroen 20, rue de Contern L-5955 Itzig

Zäit:

09.00 - 17.00 Auer

Ref.: FCMC01419

Preis:  100 €

Anmeldung

Sie haben noch keine Anmeldung vorgenommen

 zurück zur Übersicht