Logo RBS
Tel. 36 04 78 - 1
20, rue de Contern | L-5955 Itzig

En Direkter (m/w), CDI, Bac+5 gesicht

Den RBS – Center fir Altersfroen asbl beschäftegt sech mat de ville Facettë ronderëm den Alter an d‘Al ginn. Zu senge villfältegen Aufgabe gehéieren Aktivitéite fir Senioren, Fortbildungscoursë fir Professioneller aus dem Fleegesecteur, grad esou wéi déi wëssenschaftlech Ëmsetzung a Begleedung vu verschiddene Projeten op nationalem an EU-Niveau.

Den RBS besteet aus engem multidisziplinären Team vu 15 Mataarbechter an ass mam Familljeministère conventionnéiert.

Den RBS sicht fir direkt oder no Ofsprooch

En Direkter (m/w), CDI

Är Missiounen:

-        Gestioun an organisatoresch Weiderentwécklung vum RBS

-        Intern Organisatioun a Koordinatioun vun de verschiddene Beräicher (Fortbildung, Seniorenakademie, Club Seniors, interkulturell Relatiounen)

-        Verwaltung vum Budget

-        Personalgestioun an -entwécklung

-        Kommunikatioun an Ëffentlechkeetsaarbecht

-        Concertatioun mam Verwaltungsrot a ministeriellen Instanzen

-        Sondéierung vun den neien Tendenzen an innovative Konzepter am In- an Ausland

 

Äre Profil:

-        Bac +5, eng zousätzlech Formatioun am Beräich Organisatioun a Personalféierung ass en Avantage

-        Minimum 3 Joer Beruffserfarung an enger leedender Positioun

-        Gutt Presentatioun, Kommunikatioun a séchert Optrieden an der Ëffentlechkeet

-        Sproochen: L, DE, FR, EN a Wuert a Schrëft

-        Gutt Sozial- a Féierungskompetenzen, diplomatescht Verhandlungsgeschéck

-        Gutt Verständnis vu der demographescher, sozialer a kultureller Landschaft zu Lëtzebuerg

-        Erfarung a Kontakter am Beräich vum 3. Alter oder anere sozialen an assoziativen Domainë sinn en Avantage

 

Schéckt Är Demande mat Motivatiounsbréif, Liewenslaf an Diplomer bis spéitstens den 28. September un:

 

RBS – Center fir Altersfroen

B.P. 32

L-5801 Hesperange

 

oder per E-mail: boreux[@]rbs.lu

 

Eng éischt Selektioun gëtt op Basis vun den Demandë gemaach.