administrativen Mataarbechter am Beräich Kommunikation a Marketing m/w
CDI, 20 Stonnen / ab 1. Juli 2021 oder no Ofsprooch
Den RBS – Center fir Altersfroen asbl, konventionéiert mam Familljeministère,
sicht an der Carrière C4 (CCT SAS)
een administrativen Mataarbechter am Beräich Kommunikatioun a Marketing (m/w)
CDI, 20 Stonnen / ab 1. Juli 2021 oder no Ofsprooch
Är Aufgaben:
- Gestioun vun eisem Internetsite a publizieiren vun Inhalter aus eisen 3 Departementer
- Definéieren an ëmsetzen vun enger Strategie op eisen sozialen Netzwierker
- Produzéieren vu visuellen a kreativen Elementer (Videoen, Fotoen, Animatiounen…) fir eisen Internetsite an eis sozial Netzwierker
- Plangen an diffuséieren vun eisen Newsletteren
- Divers administrativ Aarbechten
Är Kompetenzen:
- excellent Organisatioun an Teamgeescht
- gutt Kommunikatioun a Wuert a Schrëft (Lu, De, Fr)
- Kompetenz an de gängegen Office-Programmer an sozialen Medien (Twitter, Facebook….)
- Kenntniss vu Wordpress a Mailchimp ass vu Virdeel
Äre Profil:
- Secondaire-Ofschloss
- Kenntnisser an der Informatik, Kommunikatioun a Marketing
Är Avantagen:
- eng interessant a villsäiteg Aarbecht an enger motivéierter Equipe
- agreabelt Aarbechtsklima
- Flexibilitéit an Eegeverantwortung vun der Aarbechtsobdeelung
- Méiglechkeet ob Fort- a Weiderbildung
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, Liewenslaf an Diplomer virum 30. Abrëll 2021 un simon@rbs.lu oder:
RBS – Center fir Altersfroen
B.P. 32
L-5801 Hesperange