AUDIOBUCH: WÉI MIR KANNER WAREN AN DE 40er JOREN
Audiobuch : Wéi mir Kanner waren an de 40er Joren
1940-1949: e Jorzéngt, dat vum Krich gezeechent ass. Fir d’Kanner vun deemools war et awer och d’Zäit vum Spillen a Stiichten, vum Léieren an Hëllefen.
Fir si zu Wuert kommen ze loossen, hat Editioun RBS e Buch erausginn, dat e liewegen Abléck an dës Kannerzäit ginn huet: wéi si gelieft a geléiert hunn, hir fräi Zäit verbruecht a Fester gefeiert hunn.
D’Majoritéit vun den Texter aus dem Bestseller-Buch fannt Dir op dëser MP3-CD, virgelies vun den Auteuren aus dem RBS-Biographiegrupp a vu Schüler aus dem Wëltzer Lycée.
beim Bestellen kommen nach 1,50€ Portokäschten derbäi






