Logo RBS
Tel. 36 04 78 - 1
20, rue de Contern | L-5955 Itzig

AMERICAN SAINT NICK

 Nodeems d’Amerikaner den 10. September 1944 Lëtzebuerg befreit haten, gouf a villen Uertschafte gefeiert. D’Land war endlech erëm fräi. Wat dee Moment kee wousst, war datt dem Éislek mat der Ardennenoffensiv am Dezember nach déi batterst Episod vum ganze Krich bevirstoung. Och déi amerikanesch Zaldoten, déi am November 1944 zu Wooltz stationnéiert waren, konnten dëst net virausgesinn. Si hu vun der friddlecher Stëmmung profitéiert, fir sech vun de Strapaze vun der Hürtgenwald-Schluecht ze erhuelen an op neien Uerder ze waarden, fir an Däitschland virzestoussen. Ee vun dësen GIs, den Harry Stutz, huet Frëndschaft geschloss mat Weeltzer Leit, déi him iwwer lëtzebuergesch Fester an Traditiounen erzielt hunn, déi leider ënnert der preisescher Besatzung verbuede waren. Doraus ass d’Iddi entstanen, zesummen eng Niklosfeier ze organiséieren. De Corporal Richard Brookins huet de Kleeschen gespillt. A Begleedung vu senge lëtzebuerger Engelcher ass hie mat enger Jeep an d’Weeltzer Schlass gefuer an huet d’Kanner mat Schockela a Knätschgumm beschenkt. Nom Krich ass de Richard Brookins nach dacks op Lëtzebuerg zréckkomm, fir Niklosdag mat deene Weeltzer ze feieren.

Preis:  19 €

Warenkorb

Es befindet sich kein Artikel im Warenkorb

 zurück zur Übersicht