Eis fofzeger Joren Band 1
D’Fofzeger Jore waren eng Zäit vu ville Verännerungen. Den 1. Band vun eiser neier Serie handelt vun der Wunnsituatioun, der Ariichtung an deene villen neien Apparaten, déi d’Liewe méi einfach gemaach hunn, vum Iessen, dat nees méi vëlleg do war a vun der neier Moud, déi Fra a Mann begeeschtert huet.