Logo RBS
Tel. 36 04 78 - 1
20, rue de Contern | L-5955 Itzig

Musikalesche BINGO-Nomëtteg

Gutt Stëmmung mam Rol Girres

Verbréngt e musikaleschen a spillereschen Nomëtteg an enger gudder Ambiance. De bekannte Sänger an Presentateur Rol Girres féiert duerch de Programm an animéiert déi spannend Bingo-Ronnen. Bei all Spill gëtt et natierlech e flotte Präis ze gewannen.

D’Bingo-Regele sinn net komplizéiert an och fir een, deen nach ni gespillt huet, direkt verständlech. Jidderee kritt eng Käertche mat 24 Zuelen. No an no zitt de Rol Girres aus dem Bingo-Rad eng faarweg Bull a rifft d’Zuel vun dëser Bull haart an de Sall, sou dass d’Spiller se op hirer Käertche markéiere kënnen. Wiem seng Käertchen als éischt komplett ass, rifft „Bingo“ an huet gewonnen.

Dotëschent iwwerrascht de Rol Girres säi Publikum ëmmer erëm mat musikaleschen Einlagen.

Animateur: Rol Girres

Sprooch: Lëtzebuergesch

13 € mat der Kart aktiv60+

Wou: Conter Stuff, Contern

Preis:  16 €

Anmeldung

Sie haben noch keine Anmeldung vorgenommen

 zurück zur Übersicht