Logo RBS
Tel. 36 04 78 - 1
20, rue de Contern | L-5955 Itzig

D'Mansfeldschlass a Clausen

Historesche Spadséiergank

„La Fontaine“ war den offiziellen Numm vun dësem Bauwierk a Clausen, dat am Volleksmond meeschtens „Mansfeldschlass“ genannt gëtt.

Leider ass haut net méi vill dovunner erhalen. Duerch Beschreiwungen, Pläng an Zeechnunge kann een sech awer e Bild maachen, wéi impressionnant dëst Schlass war. An op der Plaz kann een sech haut op d’Spure vun deenen Deeler maachen, déi nach erhale sinn oder ausgegruewe goufen.

Als éischt entdecke mir deen Deel vu Clausen, wou deemools d’Fontainë waren. Duerno geet et weider an deen Deel, deen normalerweis net accessibel ass a wou mer ënner anerem d’archeologesch Ausgruewunge vun der „Fontaine de Neptune“ an der „Grotte artificielle“ besichtege kënnen. Donieft gesi mer nach de sougenannte Cryptoportique, d'Ruine vum Wunntuerm vum Schlass an déi vun der grousser Galerie. Zum Schluss maache mer en Tour bei d'Haaptpaart vum Schlass an an de Bannenhaff.

Fir déi Deeler, déi normalerweis net fir de Public zougänglech sinn, muss ee gutt zu Fouss sinn an zolidd Schong undoen.

Referent: Association des Amis du Château de Mansfeld asbl

Sprooch: Lëtzebuergesch

Präis: 5 € mat der Kaart aktiv60+

Wou: Clausener Kierch, Stad Lëtzebuerg

Preis:  8 €

Anmeldung

Sie haben noch keine Anmeldung vorgenommen

 zurück zur Übersicht