Logo RBS
Tel. 36 04 78 - 1
20, rue de Contern | L-5955 Itzig

Bachbléien entdecken / Virtrag

Virtrag

Bachbléie sinn 38 planzlech Mëttelen, déi viru bal 100 Joer vum engleschen Dokter, Wëssenschaftler a Botaniker Edward Bach an d’Liewe geruff goufen.

Den Dr Edward Bach (1886-1936) war der Iwwerzeegung, dass de Mënsch en eenheetlecht Wiesen ass, an dass all Problemer (kierperlecher oder mentaler Natur) och ëmmer vun diversen Emotioune begleet sinn. Genau op dës Emotiounen hat den Dr Bach et ofgesinn an seng 38 Bachbléien entsprieche jeeweils enger bestëmmter emotionaler Situatioun (wéi z. B. Angscht, Roserei, Ongedold, Näid, Mangel u Selbstvertrauen, Trauer, Deprime). Wann een elo déi respektiv Bachbléien zou sech hëlt, kommen dës Emotiounen erëm an e Gläichgewiicht, et fillt een sech méi ausgeglach a lues a lues geet et och dem ganze Mënsch besser.

Wien huet sech net schonn traureg, verlooss, depriméiert, rosen, aggressiv, ängschtlech oder sënnlos gefillt? Mat Bachbléie kann un dësen Emotioune geschafft ginn, an déi betreffend Persoun fillt sech méi ausgeglach, ënnerlech roueg an ass och fir hiert Ëmfeld méi positiv an zougänglech.

Sech selwer mat Bachbléien hëllefen ass ganz einfach, a virun allem kann een näischt falsch machen. Fir awer en optimaalt Resultat ze kréien ass et besser, wann een e puer Saachen driwwer léiert. Dofir bidde mir dës Formatioun un, déi 4 x moies 2 Stonnen dauert. Dir léiert déi 38 Bachbléie kennen, op wat Dir sollt oppassen, fir déi richteg Bachbléien ze detektéieren, wéi Dir Iech eng Mëschung zoubereet an anhuelt. Et kann ee bis maximum 7 Bachbléien an eng Mëschung maachen, déi een am Prinzip op d’mannst ee Mount anhëlt. D’Bachbléie kritt een an den Apdikten eenzel ze kafen, dat heescht et muss een net déi 38 Bachbléie kafen fir kënnen unzefänken. Eng Fläschelche kascht ca. 10€. Fir eng Mëschung hirzestellen, brauch een nëmmen zwou Drëpse vun all Bachbléi, de Rescht gëtt mat Waasser an eventuell e bëssen Alkohol oder Esseg opgefëllt. Et kënnt een also ganz laang domat. Bachbléie sinn net toxesch a maachen net ofhängeg. Si si mat all aner Therapie kompatibel.

Am Virtrag kritt Dir eng allgemeng Introductioun zum Thema Bachbléien. Och nom Virtrag hutt Dir nach d’Geleeënheet, Iech fir de Cours unzemellen, sou laang nach Plaze fräi sinn.

Referentin: Christiane Goeres, Heilpraktikerin

Sprache: Lëtzebuergesch

8 € mat der Kaart aktiv60+

Wo: RBS-Seniorenakademie, Itzig

Preis:  10 €

Anmeldung

Sie haben noch keine Anmeldung vorgenommen

 zurück zur Übersicht