Logo RBS
Tel. 36 04 78 - 1
20, rue de Contern | L-5955 Itzig

D’Hesper Kasär

Op Besuch bei de Pompjeeën

Zënter bal engem Joer ass déi nei Kasär vun den Hesper Pompjeeën elo a Betrib. An dësem Centre d’Incendie et de Secours, kuerz CIS Hesper, sti momentan ganzer 10 Asaz-Gefierer, dorënner 5 Autoen, 4 Camionen an 1 Boot, esou wéi etlecht, modernt Equipement fir déi alldeeglech Missiounen ze meeschteren. Dës modern Infrastruktur, op enger strategesch gënschteger Plaz geleeën, ass op d’Besoinen vun de Pompjeeën zougeschnidden. D’Raimlechkeete bestinn ënner anerem aus engem Atelier, fir divers Reparaturen ze maachen an d’Material a Stand ze halen, enger spezieller Wierkstaat fir d’Otemschutz-Geräter, verschidden Dépôte vu Material, engem Schlauchtuerm, Vestiairë mat Duschen an engem Fitnessraum. Ausserdeem gëtt et nach e klenge Musée an der Kasär, deen de Visiteuren e Réckbléck an d’Vergaangenheet erméiglecht.

Eng Pompjees Kasär gëtt hautesdags wei eng kleng Entreprise verwalt. Déi ronn 50 fräiwëlleg an 3 haaptberufflech Pompjeeë sinn zejoert eng 721 Mol ausgeréckt. Op dëser Visite kritt Dir d’Geleeënheet, déi verschidden Departementer ze gesinn a virgestallt ze kréien.

Sproch: Lëtzebuergesch

Wou: Centre d’Incendie et de Secours Hesperange

Preis:  5 €

Anmeldung

Sie haben noch keine Anmeldung vorgenommen

 zurück zur Übersicht