Logo RBS
Tel. 36 04 78 - 1
20, rue de Contern | L-5955 Itzig

ROT EMOL 2 - LËTZEBUERGESCH BILDLECH GESCHWAT

E flott a spannend Spill, zesummegestallt vum RBS-Biographiegrupp

Vill Ausdréck, déi mir am Alldag gebrauchen, si bildlech: Wann eppes net vill kascht, kritt een et fir en Apel an e Stéck Brout. Wann engem eppes net direkt afält, da leeft et engem laanscht de Mond. A wann ee richteg rosen ass, da kann een emol aus der Haut fueren.

Wann Dir Freed an Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch hutt, dann test Äert Wësse mat eisem neie Spill. Bestëmmt falen Iech selwer och nach aner Ausdréck an, déi „bildlech geschwat“ sinn.

Dëst Spill – a Form vun 130 Kaarten – ass schonn dat zweet an der Serie „Rot emol“. Déi éischt Ausgab hat zum Thema „Lëtzebuerger Ausdréck mat wéi“. Entstane si béid Projeten an de Käpp vun eisem Biographiegrupp, dee scho vill flott Bicher a Spiller realiséiert huet, déi sech mat Lëtzebuerg, sengen Traditiounen, senger Sprooch a Kultur befaassen

Preis:  15 €

Warenkorb

Es befindet sich kein Artikel im Warenkorb

 zurück zur Übersicht