

Den Ufank vun dëser Serie, handlech a flott opgemaach, mécht d’Buch vum Marcel Linckels „Elektriker op der Schmelz“. Am Dezember 1952 huet den Här Linckels ugefaang op der Schmelz ze schaffen. Bis hien 1983 an d’Fréipensioun gaangen ass, huet hien esou munches erlieft...
Dem Marcel Linckels säi Buch verzielt vun deene gudden Zäiten op der Schmelz, awer och vun deene battere Joren, wéi et ëmmer méi dem Enn zougaangen ass, bis schliesslech alles huet missen demontéiert ginn.
Dat 80 Säiten déckt Buch ass mat Fotoen aus dem Här Linckels sengem Privatarchiv a vum Fonds Belval illustréiert