Awer, wat ee méi al gëtt, wat de Risiko, méi grouss gëtt, krank ze ginn, an och nach vu méi Krankheete befall ze sinn. A wat ee méi Krankheeten huet, wat ee méi Medikamenter kritt:
An esou ass dee Volleksglawen entstanen: wat ee méi al ass > wat ee méi Medikamenter kritt > wat ee méi krank ass. Mee dat ass net esou! Et kann een och al a gesond sinn, och wann ee muss dat eent oder dat anert Medikament huelen.
D’Geriatrie ass eng nei medizinesch Spezialitéit, déi sech spezifesch ëm déi vill Krankheeten am Alter bekëmmert, an Zesummenaarbecht mam Hausdokter. De Geriater analyséiert déi verschidde Risiken, déi méi heefeg am Alter virkommen (NET duerch den Alter virkommen!), fir se sou wäit wéi méiglech virzebeugen. Ee vun dëse Risike si Medikamenter, hir Wierkung a virun allem hir Niewewierkungen.
Polymedikatioun
Wéi schonn ugeschwat an der Introduktioun, ass e grousse Problem am Alter: déi vill Medikamenter, déi ee bei ville Leit doheem fënnt.
Do ginn et e puer Problemer:
1. déi vill Medikamenter an déi vill Niewewierkungen (“poly- and overuse of medication”),
2. déi vill Medikamenter, déi net geholl ginn an awer wichteg sinn (“underuse of medication”),
3. déi vill Medikamenter, déi heiansdo geholl ginn an awer scho laang net méi verschriwwe gi sinn (“misuse of medication”).
ad 1) déi vill Medikamenter an déi vill Niewewierkungen (“poly- and overmedication”)
E franséische Professer an der Geriatrie huet gesot: “Wann ee méi wéi 4 Medikamenter gëtt, weess een net méi, wee wat mécht.” Effektiv, all Medikament huet Niewewierkungen, déi oft onbedeitend sinn, wann een nëmmen dat Medikament hëlt. Dës Niewewierkunge kënnen sech awer summéieren a potentialiséieren, wa vill Medikamenter mat vill Niewewierkungen am selwechte Kierper zesumme kommen.
Fir haut den Titel MEDIKAMENT ze kréien a vun der Krankekeess zréckbezuelt ze ginn, mussen déi pharmazeutesch Firme Studie maachen, fir ze beweisen, datt hiert neit Medikament mindestens esou gutt oder besser ass, wéi dat Medikament, dat et scho gëtt. Dat heescht, dës nei Medikamenter mussen hir Wierkung beweisen an och hir Niewewierkunge ginn esou bekannt. Mee dës Medikamenter ginn net oft getest mat villen anere Medikamenter am selwechte Kierper. A virun allem ginn se ganz rar getest bei ale Leit.
Dofir ass et wichteg, fir de Geriater, all Medikamenter opzelëschten an eng Hierarchie opzebauen tëschent deene liewenswichtege Medikamenter an deenen aneren. Dat heescht net, datt déi aner Medikamenter, déi de Geriater ophält, schlecht Medikamenter sinn, oder datt een déi net brauch. Dat heescht just, an der Lëscht vun de Medikamenter, déi de Patient muss huelen, sinn déi eng méi wichteg wéi di aner a fir esou wéineg wéi méiglech Niewewierkungen ze hunn, stoppe mer verschidde Medikamenter.
FIRWAT ginn déi vill Medikamenter vun eelere Leit net esou gutt verdroen, wéi vu jonken?
Wat mer méi al ginn, schaffen déi Organer déi eise Kierper solle “propper” halen, eis „Kläranlagen”, manner gutt. D’Niere spillen eng grouss Roll am Verschaffen an Ausscheede vun de Medikamenter. Do ass et wichteg, datt den Dokter weess, wéi gutt d’Nierefunktioun ass, well d’Dosis vu verschiddene Medikamenter muss der Nierefunktioun ugepasst ginn. Dofir ass d’Evaluatioun vun der Nierefunktioun e wichtege Bestanddeel vun der Evaluation Gériatrique.
D’Liewer ass och ganz wichteg, wat d’Metabolisatioun (Verschaffen) vun de Medikamenter ugeet.
An zu lescht, de Proteinegehalt vun eisem Blutt. Dëst ass eng ganz wichteg Funktioun am eelere Kierper, déi oft net evaluéiert gëtt. D’Proteine sinn Transportmëttel fir d’Medikamenter, déi sech zu engem Deel un dës Proteine bannen. Wa manner Proteinen do sinn, wéi dat am Alter oft virkënnt, da bannen sech manner Medikamenter un dës Proteinen an dann ass vill méi eng héich Dosis vum Medikament am Blutt. D’Nieren, d’Liewer an d’Proteine ginn dofir systematesch an der Evaluation Gériatrique analyséiert an d’Medikamenter ginn duerno agestallt, esou datt et heiansdo ka virkommen, datt de Geriater och e ganzt wichtegt Medikament muss ophalen oder d’Dosis erofsetzen.
ad 2) déi vill Medikamenter, déi net geholl ginn an awer wichteg sinn (“underuse of medication”)
Wann e Patient vill Medikamenter muss huelen, gëtt heiansdo vun de Leit selwer en Tri gemaach, deen net ëmmer der Wichtegkeet vum Medikament Rechnung dréit. Dofir ass et wichteg, dat een dem Dokter seet, wat fir e Medikament een hëlt a wéi oft, och wann ee mengt et kéint een den Dokter béis maachen. Den Dokter erwaart nämlech eng Wierkung vun de Medikamenter, déi e verschreift. Wann dës Wierkung net antrëtt, kann dat sinn, datt d’Dosis ze déif ass, an da setzt den Dokter d’Dosis erop. De Risiko vum Surdosage ass da vill méi héich.
Eng Gëlle Regel an der Geriatrie ass dofir eng Hierarchie an d’Medikamenter ze bréngen, datt déi wichteg mat der richteger Dosis geholl ginn. Wat et manner Medikamenter sinn, wat ee méi Chancen huet, datt se richteg geholl ginn.
Ad 3) déi vill Medikamenter, déi heiansdo geholl ginn an awer scho laang net méi verschriwwe gi sinn (“misuse of medication”)
Oft fënnt een e gutt gefëlltene Medikamenteschaf bei eisen eelere Leit. Vill Medikamenter, déi punktuell gebraucht gi sinn, bleiwen am Medikamenteschaf, a ginn erëm erausgeholl, wann engem schlecht ass, ënnert dem Pretext: „Dat Medikament hat mer deemools gutt gehollef.“
Mee ganz oft war d’Situatioun deemools aneschters! Dofir ass et gutt, de Medikamenteschaf heiansdo eidel ze maachen.
Et gëtt ganz vill iwwer Medikamenter am Alter ze soen. Hei sinn e puer vun de wichtege Punkten ugesprach. Wa vill Medikamenter am Spill sinn, soll ee kënne mam Hausdokter a mam Geriater doriwwer schwätzen.