
De Jean Linden war e lëtzebuergesch-belsche Botaniker. No senge Studien zu Bréissel huet hie fir déi belsch Regierung während 10 Joer bal all Länner vu Mëttel- a Südamerika bereest. Zäitweileg huet hien och mat deem berühmten däitschen Naturfuerscher Alexander von Humboldt zesummegeschafft. Zu Gand an zu Bréissel huet hien an Zären tropesch Planze gezillt an se a ganz Europa, bis op den Zarenhaff, weiderverkaaft. Hien hat eng besonnesch Virléift fir Orchideeën a gouf duerch seng Sammlung a Publikatiounen an dësem Beräich weltberühmt. D’Promenade des Anglais zu Nice gouf mat Palmen aus senger Ziichterei ugeluecht.