
Madame Flammang, Dir hutt schon dräi Bicher erausginn. War Dir schonn als Kand um Schreiwen interesséiert?
An der Primärschoul konnt ech eréischt am 8. Schouljoer richteg liesen. Ech war also guer keen Dichtegt am Liesen a Schreiwen.
An eiser Klass waren d'Kanner vum 1. bis 8. Schouljoer alleguerten zesummen an ech gehéiren zu deene Leit, déi net kënnen net oppassen. Ech hunn ëmmer gelauschtert a gelauschtert, ma näischt geschriwwen. Ech hätt dann doheem misse fäerdeg schreiwen, ma mir ware Baueren an do war ëmmer eppes lass. Da war de Radio un an et si Leit laanscht komm an esou sinn ech net zum Schreiwe komm.
Am Rechnen awer war ech gutt an d’Schwëster huet gesot: "Een dee rechne kann, ass net domm, deen ass héchstens liddereg.“
Ech wollt net Bauer ginn, well ech net gär am Gaart geschafft hunn. Eng Frëndin vu mir war zu Dikrech am Internat an ech wollt och dohinner goen. Meng Mamm war d’accord, well si war der Meenung, datt jiddweree selwer sollt decidéieren, wat hie wéilt ginn. Ech hunn direkt gutt geléiert a konnt alles, well kee mer dragebraddelt huet wéi an der Primärschoul.
Wéi sidd dann zum Schreiwe komm?
Ech war Léierin zu Stengefort. Mäi Mann an ech waren do am Syndicat d’Initiative an ech hu Geschichten, richteg geschitt oder erfonnt, fir an hir Zeitung geschriwwen. Wann ech mam Vëlo an d’Schoul gefuer sinn, dann hunn d’Leit am Duerf mech dacks ugehalen, fir mer ze soen, wéi gutt meng Texter hinne gefall hunn.
Du gouf et eng schwéier Zäit a mengem Liewen a fir domat ëmzegoen, hunn ech geschriwwen. Och wéi déi Situatioun iwwerstane war, hunn ech weidergeschriwwen an ech hat d'Gefill, datt d’Geschichten einfach op mech eroffalen.
Doraus ass 2005 mäin éischt Buch "Bilder aus den Zwischenräumen" ginn. Ech hunn e Verleger op der Frankfurter Buchmesse fonnt a mäi Komerod, de Konschtprofessor Raymond Weiland, huet meng Geschichten illustréiert.
D'Geschichten iwwer meng Kannerzäit, déi ech schonn an de Stengeforter Neiegkeete verëffentlecht hat, sinn 2009 zu enger Autobiografie ginn: „Mat all Waïwaasser geseent“. D’Leit hunn sech gutt iwwer déi lëschteg Geschichten ameséiert. Mir perséinlech gefällt mäin éischt Buch awer besser.
Well ech e Liewe laang Léierin war, wollt ech och emol e Kannerbuch maachen.
Wéi sidd Dir op d’Thema vun dësem Kannerbuch komm?
Dat as schonn e bëssen autobiografesch. Ech war e ganz problemlost Kand an hunn net vill Opmierksamkeet op mech gezunn. Esou hat ech ëmmer d’Gefill, ech wier duerchsiichteg. Et ass e Buch fir Kanner vun circa 5 Joer, awer och fir erwuesse Leit. Et ass schonn en nodenklecht Buch.
Wéi ass dann Ären Dagesoflaf am Allgemengen?
Bal all Moie ginn ech lafen an da schreiwen ech. Ech liesen och ganz vill. Heiansdo liesen ech eppes an engem Buch, wat mech beschäftegt a wann ech da lafen, dann tiermen ech driwwer an op eemol ass eng Iddi do.
Wéi loost Dir Iech inspiréieren?
Ech hunn d'lescht Joer am Theatre du Centaure matgemaach. Ech hat e Stéck geschriwwen an hunn och selwer matgespillt. Ënnerwee beim Lafen hunn ech ëmmer meng Roll opgesot. An der Roll war eng Plaz, wou ech mech bekräizegt hunn, an dann hunn ech mech beim Lafen am Bierg och bekräizegt.
Wann ee mech gesinn hätt, deen hätt sécherlech gemengt, ech hätt se net méi all. Mä doraus ass dunn och eng Geschicht entstanen. Et kann also villes sinn, dat mech inspiréiert: eppes wourun ech denken oder wat ech grad erliewen.
Meng Mamm a mäi Papp konnte gutt erzielen. Wéi mäi Papp al wor an nach just eng Kou hat, souz hien dacks bei der Kou an huet Geschichten erzielt. Meng Mamm huet dat dann opgeschriwwen. Wéi d’Kou gestuerwen ass, hunn d'Geschichten opgehalen. Mir hunn ëmmer gesot, d’Kou wier seng Muse gewiescht. Also d’Schreiwen an d'Erziele läit schonn e bëssen an der Famill.
An Är Pläng fir d’Zukunft?
Ech hunn nach weider Geschichte fäerdeg an dat nächst Buch ass schonn an der Preparatioun. Mä dat dauert dann nach bis d'nächst Joer.
Ma da freeë mer eis schonn drop.
D’Marielys Flammang ass 1942 zu Käerch op d’Welt koum. Si ass bestuet a Mamm vun zwee Kanner. Si huet och ënner anerem dat Buch „Mat all Wäiwaasser geseent“ erausginn.
Dir fannt d’Buch an de Bicherbutteker an et kascht 16 €. 32 Säiten.
D’Biller si vum Rebecca Demecheleer.
ISBN : 978-2-87953-107-6 Editions Schortgen